Fräizäit
Zënter 2002 bidde mer och verstäerkt Aktivitéiten am Fräizäitberäich un, dëst virun allem fir d’Liewesqualitéit vun de Leit ze verbesseren, an der sozialer Isolatioun entgéint ze wierken.
Wichteg dobaï:
- Ubidde vu méiglechen Gestaltungsaktivitéiten
- Bedélegung u Fräizäitaktivitéiten
- Kontakter an Zesummesin mat Aaneren
- Interesse a Motivatioun un neien Aktivitéiten
Besiche vu Muséen, Concerten, Trëppeltier, Schwammen, Keelen, Iesse goën … stin regelméisseg um Programm.
Interesséiert? Da wend Iech w.e.g. un d’Sekretariat vun der AAML a froot nom Programm vun eise Fräizäitaktivitéiten fir blann a sehbehënnert Leit.
