Berodung a Betreiung

Berodung a Betreiung

1995 Joer huet d’Lëtzebuerger Blannevereenegung ugefaangen mat der professionneller Betreiung vun den Blannen a Sehbehënnerten doheem, nodeems kloer gi wor datt eng reng psychologesch Berodung net géing duergoen.

D’Zuel vun den Clienten déi pro Joer dëse Service op d’mannst zwee Mol an Anspruch huelen, läit bei ronn 100. Duerfir huet och weidert Personal missen agestallt ginn, well ëmmer méi Erwuessener mat neien Aufgaben un eis erugetruede sinn, dëst besonnesch am Beräich vun der Mobilitéit an dem suivi op der Aarbechtsplaz. D’Zesummenaarbecht mat anere Servicer wéi „Hëllef Doheem“ an „Doheem versuergt“ gouf lancéiert mee eis Aufgab ass a bleift déi blannespezifesch Betreiung.

Een Deel vun de Client-en brauch eng ganz intensiv Betreiung, sief dat well se psychesch Problemer hunn, oder Léierschwieregkeeten hinnen et onméiglech maachen aleng eens ze ginn! Bei eenzelne Leit kommer mer bis zu 4, 5 Interventiounen pro Woch wann een déi telephonesch Kontakter matarechent. Am Joer 2003 hu mer eng Mobilitéitstrainerin agestallt, déi et eis och elo erlaabt des wichteg Technik de Leit bäizebréngen.

Am eenzelnen gi folgend Servicer ugebueden:

  • Hëllef bei administrative Problemer
  • Mënschlech Betreiung
  • Organisatioun vun der Hëllef ronderem de Client
  • Training fir Mobilitéit an Orientéierung
  • Training fir Autonomie doheem an dobaussen
  • Présentatioun, Berodung a Verkaf vun Hëllefsmëttel
  • Activitéiten fir der sozialer Isolatioun entgéingt ze trieden
  • Berodung vum Emfeld vum Client